D'Rue Charles Darwin ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg déi de 26. Juli 2018 offiziell ageweit a fir de Verkéier opgemaach gouf. D'Strooss verleeft als Verlängerung vun der Rue Christophe Plantin a Richtung Süden iwwer d'Drosbech ewech an dréint dann no Süd-Westen a kënnt um Boulevard de Kockelscheuer eraus. Se mécht eng nei Verbindung tëscht dem alen Deel vu Gaasperech an dem Gaasperecher Bann respektiv der Cloche d'or. Mat der Ouverture vun dëser neier Strooss soll d'Verbindung tëscht dem Gaasperecher Quartier an dem Gaasperecher Bann iwwer d'Gluck-Strooss wärend enger Proufzäit vu sechs Méint gespaart ginn, fir ze kucken op de Quartier sou vum Duerchgangsverkéier kéint entlaascht ginn. Bei der Aweiungsfeier ass ugekënnegt ginn, datt nach eng Verkéierszielung gemaach gëtt an datt dann de Sujet nach eng Kéier an enger Biergerversammlung thematiséiert gëtt. D'Strooss huet den Numm vum Charles Darwin (1809-1882), engem britteschen Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog.
Developed by StudentB